Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.240 Artikelen an 137 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Bisamrat keng Rat ass, mä villméi zu de Wullmais (Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass?
- … am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?
- … dat gréisst Knabberdéier, d'Capybara, bis zu 1,20 m grouss ka ginn?
- … „Ketty Maus“ den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
- … d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?
Artikel vun der Woch

D'Aprikos, ass d'Fruucht vum Aprikosebam (Prunus armeniaca) aus der Gattung Prunus an der Famill vun de Rosaceae.
Dës Steefruucht kënnt ursprénglech aus Nordost-China, vu wou se no Westen hi verbreet gouf. Den Numm vun der Spezies Armeniaca weist drop hin, datt et d'Géigend vum haitegen Armenien war, vu wou se zur Réimerzäit via Griicheland am Mëttelmierraum an a Südeuropa verbreet gouf. Méi spéit war et virun allem am ungaresche Flaachland, wou Aprikose gezillt goufen. Hautdesdaags ginn an Europa d'Aprikose virun allem a Spuenien an an Italie gezillt. D'Tierkei (absënns d'Provënz Malatya) produzéiert 85 % vun der Weltproduktioun vu gedréchenten Aprikosen an Aprikosekären.
D'Aprikosebeem gi gewéinlech 6 m, alt bis zu 10 m héich. D'Schuel vum Stamm ass glat a blénkeg roudelzeg-brong. D'Blieder si 5 bis 10 cm laang, 3 bis 7 cm breet, gréng gefierft, breet eefërmeg bis ronnelzeg oval, an uewe spatz... > méi

Op engem 6. Mee

- 1758: Gebuert vum franséische Revolutionär Maximilien de Robespierre.
- 1856: Den éisträicheschen Neurolog Sigmund Freud kënnt op d'Welt.
- 1915: Den US-amerikanesche Regisseur a Schauspiller Orson Welles gëtt gebuer.
- 1929: Éischt Sessioun vun der Lëtzebuerger Bourse.
- 1954: Am Paraguay fänkt mat engem Putsch déi 35 Joer laang Diktatur vum Alfredo Stroessner un.
- 1974: Den däitsche Bundeskanzler Willy Brandt trëtt zeréck.
- 1992: Doud vun der däitsch-US-amerikanescher Schauspillerin a Sängerin Marlene Dietrich.
- 1994: Den Eurotunnel gëtt duerch d'Kinnigin Elizabeth II. an de franséische President François Mitterrand ageweit.
Kierzlech Verstuerwen

- 3. Mee: Claire Maurier, franséisch Schauspillerin
- 1. Mee: Gust Stefanetti, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 30. Abrëll: Georg Baselitz, däitsch-éisträichesche Moler a Sculpteur.
- 17. Abrëll: Nathalie Baye, franséisch Schauspillerin.
- 8. Abrëll: Mario Adorf, däitsche Schauspiller an Auteur.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
